News vum Déckebierg

16th June 2024

club logo

FC Käerch

An eisem leschte Statement hu mer vun eisem Ziel geschwat eis de Barragematch ze erkämpfen an eis dann endlech fir déi haart Aarbecht ze beloune. Gesagt, getan, och wann dat méi einfach klengt wéi et war.

Mir hunn et also gepackt, no 24 Joer spillt den FC Käerch nees 1 Divisioun. 

Mir wëllen op dëser Platz nach eng Kéier dem ganze Staff, de Spiller, eise Supporter, eise Sponsoren an all Mënsch deen eis des Saison iwwer ënnerstëtzt huet, en décke Merci soe fir dat wat mer dëst Joer konnten zesummen erliewen a féieren. 

Elo ass eist Ziel natierlech dran ze bleiwen an eis an der 1 Divisioun ze etabléieren.

Dohier gëtt et elo och Zäit fir iech offiziell den Trainerstaff fir d’Saison 2024-2025 virzestellen.

Mir si frou eisen néien Headcoach, de Semir Omerovic virzestellen. Hien huet zu senger aktiver Zäit ënnert anerem bei Woltz an zu Mäerzeg gespillt ier hie frei wéint Verletzungen de Fokus op den Job als Trainer geluecht huet. Mat 35 Joer kënnt hien an seng 9. Saison als Trainer wou hien ënnert anerem zu Buerschent, Wëntger a Mamer op der Säitelinn stoung. Wëllkomm Semir, mir freeën eis op d’Aventure 1 Divisioun mat dir!

Co-Trainer bléift de Marco Achten deen der all kennt. Mir si frou dass de Marco wieder mat u Bord ass an seng Erfarung mat abrénge kann.

Bei de Senior 2 och en ale jonke bekannten, den Daniel Sachsen wäert sech weiderhin di jonk a manner jonk zur Broscht huelen. 

Eisen neie Goalkeeper Trainer ass de Jan Arnold. Hien huet vun D1 bis BGL gespillt a war och an de Jugend Nationalkaderen an huet dohier déi néideg Erfarung fir eis Goalkeeper gutt ze encadréieren. Wëllkomm Jan!

Eisen neie Kiné ass de Mike Hoffmann dee selwer Fussball gespillt huet an e ganz aktive Sportler ass. Wëllkomm Mike!

Och si mir frou dass den Alain Agosta eisem Groupe weider zur Säit steet an dëst net mei als Goalkeeper Trainer mee als Teambetreier vun de Senior 1. 

Mir soen eisen treie Fans elo scho merci fir hire Support deen si eis all Weekend ginn. 

Kommt eis all bei der Missioun Klassenerhalt an der D1 ënnerstëtzen. Mir freeën eis op eng flott an intressant Saison 2024-2025.

Déckebierg huel se!!